D’Ëmfeld zu Lëtzebuerg wier nach ëmmer net business-frëndlech genuch an et géif ze vill Reglementatioune ginn, déi d’Betriber zu Lëtzebuerg aschränken. Dee Bilan zitt d’Chambre de Commerce.
D’Regierung hätt sech dëse Volet zwar op hire Fändel geschriwwe, mee bis ewell wiere keng strukturell Ännerungen an deem Beräich geschitt, fënnt de Generaldirekter vun der Handelskammer, de Carlo Thelen.
