Covid, Stroftaxen, eng ugespaante geopolitesch Lag: Et sinn onprevisibel Zäiten an dat kréichen och eis Betriber ze spieren, esou d'Chambre de Commerce.
D’Chambre de Commerce huet en Dënschdeg op hirer traditioneller Pressekonferenz um Enn vum Joer op 2025 zréckgekuckt. D’Betriber am Grand-Duché di sech schwéier, sech op déi wirtschaftlech Reprise ze verloossen. Dëst Vertraue misst reparéiert ginn, ma dofir bräicht et méi Mesure mat méi konkrete Resultater.
