Ce site a un but exclusivement informatif. Aucun paiement de cotisation ou exécution d'une autre transaction financière ne vous sera demandé par l'intermédiaire de ce site. Vérifiez toujours l'URL avant de saisir vos informations et contactez-nous directement en cas de doute.

Chambre de Commerce : "Besuergneserreegend éischt Trimester" wat d'Ekonomie ugeet

30.06.2026 - 100komma7

Revue de presse

Aus dem Konjunkturbarometer geet ervir, datt iwwer d’Hallschent vun de Betriber hei am Land an den éischte sechs Méint eng Baisse vun hirer Aktivitéit verzeechent hunn. D’Industrie, esou wéi de Commerce an den Horceca-Secteur, wiere besonnesch betraff, esou de Bilan vun der Chambre de Commerce.

Virun allem déi héich Energiekäschte géifen de Betriber ze schafe maachen. Och déi schwaach Wirtschaft an Europa wier ee vun de Grënn, firwat d’Ekonomie zu Lëtzebuerg manner gutt dréine géif, mengt den Direkter vun der Chambre de Commerce, de Carlo Thelen.

Méi liesen