Och wa Lëtzebuerg eng gutt Ausgangspositioun hätt, huet d'Chambre de Commerce op hirem Neijoerschpatt gewarnt, datt den aktuelle wirtschaftleche Wuesstem net géing duergoen, fir de Sozialmodell laangfristeg ze finanzéieren.
Lëtzebuerg steet wirtschaftlech virun enger entscheedender Phas. A senger Neijoerschried en Dënschdeg den Owend huet de Generaldirekter vun der Chambre de Commerce Carlo Thelen virdru gewarnt, datt de wirtschaftleche Wuesstem aktuell net duergeet, fir de Sozialmodell laangfristeg ze finanzéieren.
