Carlo Thelen: Gewerkschafte stelle mat Maniff soziale Fridden hei am Land a Fro

27.06.2025 - RTL.lu

Revue de presse

Kuerz virun der grousser Maniff geet de Generaldirekter vun der Chambre de Commerce a sengem Blog op d'Haaptargumenter vun de Gewerkschaften an.

A sengem neiste Bäitrag op sengem sougenannte "Wirtschaftsblog" kritiséiert de Carlo Thelen d'Beweeggrënn vun OGBL an LCGB. Hie widderleet 4 vun den Haaptargumenter vum Streik vun der Gewerkschaftsfront, déi a sengen Aen d'Strooss net géifen halen. Datt de Sozialdialog zu Lëtzebuerg a Fro gestallt ass, géif net un der Politik vu Schwaarz-Blo leien, mä well de Lëtzebuerger Wirtschaftsmodell net méi genuch (mat engem Wuesstem vum PIB vu just nach 1% dëst Joer) dréit an ambitiéis strukturell Reformen an der Vergaangenheet net ugepaakt goufen.

Méi liesen