Immobiliekris, Investitiounen an nei Trends – d’MIPIM als Spigel vum Immobiliemarché. Eng Delegatioun ronderëm den Ausseminister Xavier Bettel wëllt den nationale Marché rëm méi attraktiv maachen.
All Joers am Mäerz gëtt Cannes a Frankräich zum Treffpunkt vun der internationaler Immobiliewelt. Op der MIPIM, dem Marché International des Professionnels de l’Immobilier, enger vun de gréissten Immobiliefoiren op der Welt, treffe sech Investisseuren, Architekten, Politiker a Promoteuren aus der ganzer Welt. Och dëst Joer ginn erëm méi wéi 20.000 Participanten aus ronn 90 Länner erwaart.
