D'Denkfabrick IDEA vun der Chambre de Commerce begréisst verschidde Mesuren aus dem Tripartite-Accord, formuléiert awer och Kriticken. Ënner anerem fënnt d’IDEA, datt d’Mesurë guer net esou schlecht fir d’Energietransitioun sinn – trotz Subventioune fir déi fossil Energie.
Fir d’IDEA ass, kloer datt de Mesurëpak vun der Tripartite eigentlech e positiven Effekt op Energietransitioun huet. Wann een d’Subventioune vu Pëtrol, Gas a Masutt géif mat deene vun der Elektrizitéit vergläichen, wier kloer datt de Stroum méi subventionéiert gëtt. Dëst wier wichteg, well ëmmer méi a Betriber a Stéit missten de Wee vun der Elektrifizéierung goen.
