Hëllefsrégime fir Opluedinfrastruktur

Mardi 17 Mai 2022

Online workshop
Aides et Financements

Mardi 17 Mai 2022

10:30 - 12:00

Online

Luxembourgeois

A sengem Nationalen Energie- a Klimaplang gesäit Lëtzebuerg vir, dat bis 2030 49% vun den ugemellten Autoen elektresch oder Plug-In Hybride bedriwwe ginn.

Am Juli 2020 gouf ee Subsideprogramme fir Luedinfrastrukture fir Privatleit etabléiert. Dësen ëmfaasst d’Primme “Clever fueren” fir de Kaf vun engem Elektroauto ze encouragéieren a “Clever lueden” fir d’Ënnerstëtzung  bei der Installatioun vu private Luedstatiounen.

Fir dësen Dispositif z’ergänzen, preparéiert d’Regierung d’Aféierung vun engem neien Aidenrégime zu Gonschte vun Entreprisen déi a Luedinfrastrukture fir elektresch Gefierer investéieren.

Zwou verschidden Hëllefe sinn hei virgesinn:

  • eng Hëllef fir Entreprisen, déi iwwert eng „Procédure de mise en concurrence“ (Ausschreiwung) verdeelt gëtt: dës Hëllef soll grouss Projeten, a besonnesch ëffentlech zougänglech Luedinfrastrukturen ënnerstëtzten, fir den Ausbau vun engem méi grousse Reseau vu Luedstatiounen ze beschleunegen an d’Luedleeschtung hei zu Lëtzebuerg ze verstäerken;
  • eng fir kleng a mëttelstänneg Entreprisen (PME) reservéiert Hëllef, mam Zil, dës ze motivéieren am Kader vun hire wirtschaftlechen Aktivitéiten hier eegen Transitioun hin zu der Elektromobilitéit ëmzesetzen.

Op Initiativ vum Wirtschaftsministère a vum Ministère fir Energie a Landesplanung, mat der Ënnerstëtzung vu Luxinnovation a Klima-Agence, gëtt dësen Informatiounswebinar proposéiert fir d’Detailer vun dësem neien Dispositif, esou wéi d’Virdeeler, déi d’Entreprise vun dësem Land dorausser zéie kënnen, ze präsentéieren.

Hei umellen!