Ce site a un but exclusivement informatif. Aucun paiement de cotisation ou exécution d'une autre transaction financière ne vous sera demandé par l'intermédiaire de ce site. Vérifiez toujours l'URL avant de saisir vos informations et contactez-nous directement en cas de doute.

Chambre de Commerce freet Léisungen, sollten 2025 zwou Indextranchen erfalen

26.11.2024 - RTL.lu

Revue de presse

Wann d’nächst Joer zwou Indextranchen erfalen, da muss d’Regierung mat de Sozialpartner diskutéieren, fir Léisungen ze sichen.

Dat sot de Carlo Thelen en Dënschdeg um Bord vun der Presentatioun vum Avis vun der Chambre de Commerce zum Budgetsprojet fir d’nächst Joer. U sech sollt dëst Joer nach eng Indextranche erfalen, mee well d’Inflatioun bëssen ofgeholl huet, erfält se eréischt d’nächst Joer. Dem Statec no kéint et dowéinst deemno ewéi zwou Indextranchen bannent 12 Méint ginn. Dem Direkter vun der Handelskammer no wier dat net gutt fir Betriber, déi scho vill Problemer hätten.

Méi liesen