Ce site a un but exclusivement informatif. Aucun paiement de cotisation ou exécution d'une autre transaction financière ne vous sera demandé par l'intermédiaire de ce site. Vérifiez toujours l'URL avant de saisir vos informations et contactez-nous directement en cas de doute.

Blog économique - Europa staerken duerch eng massiv Vereinfachung

Zanter Joeren gin mir regelméisseg drun erennert, wéi wichteg eng stark Zesummenarbecht an Europa ass. Dat gellt net nemmen fir ee klengt Land wei Letzebuerg, mee och fir déi méi grouss Memberstaaten , well och sie ze kleng sin, fir dei aktuell global Erausfuederungen isoléiert unzegoen. An déi Erausfuederungen sin gewalteg. All Dag héieren mir an den Medien, wéi Europa op der Weltbühn an d'Hannertreffen geroden ass, sief et an der AI, der Défense, den Energiefroen, der Automobil-Industrie asw. An der Vergangenheet wor dat awer och schon den Fall, zB bei der Finanzkriis, oder dem Covid.

Wann een als Europäer d'Noriichten lauschtert huet een net nemmen d'Impressioun, mee schon bal d'Gewessheet, dass mir vun aaneren groussen Wirtschafts-Regiounen - sief et Amerika, China, Indien - iwerholl gin. Laang woren mir gewinnt, hei an Friden, Wuelstand an Demokratie liewen ze kennen. An desen komplexen an onsecheren geo-politeschen Zaiten wiist den Drock op dess 3 Errungenschaften an Privileegen. Fridden hun mir schon zanter 4 Joer net mei hei um Kontinent. Eis demokratesch Waerter gin op d'Prouf gestallt, no den Resultater vun Waalen an verschiddenen Länner. An eisen Wuelstand ass duerch dei schwach Leeschtung vun der europaescher Wirtschaft a Fro gestallt.


Liest den Artikel komplett hei : https://www.carlothelenblog.lu/2026/10/05/europa-staerken-duerch-eng-massiv-vereinfachung/

Originalversioun publizéiert op RTL den 2. Oktober 2026