This website is for information purposes only. No membership payments or any other financial transactions will ever be requested to be paid through this website. Always check the URL before entering your personal information, and contact us directly if you have any doubts.

E staarke Staat bräicht genuch Personal, esou d'Gewerkschaft

08.10.2026 - RTL.lu

In the press

D'Leit, déi beim Staat schaffen, si kee Käschtefacteur, deen een esou kleng wéi méiglech muss halen, betount den OGBL an engem Schreiwes en Donneschdeg de Mëtteg.

Domat reagéiert d'Gewerkschaft op Aussoe vum Direkter vun der Chambre de commerce Carlo Thelen e Mëttwoch bei eis op der Antenn. D'Mataarbechter beim Staat wieren d'Fundament fir e Staat, dee funktionéiert, an d‘Garantie dofir, datt ëffentlech Servicer fir d‘Populatioun geleescht ginn, esou den OGBL. Datt am Privatsecteur net genuch nei Plaze geschaaft ginn, kéint net mat enger Reduktioun vun Jobs beim Staat geléist ginn. Virun allem well d'Aufgaben an Erausfuerderunge fir den ëffentlechen Déngscht net manner ginn.