De geneeën Impakt anzeschätzen wier den Ament schwiereg, esou de Carlo Thelen: "Ech mengen et ass kloer, datt déi Ukënnegung do ee schwaarzen Dag fir de Welthandel war. Dat ass och an der Envergure nach ni do gewiescht."
Dës Decisioun géif e Broch vun der traditioneller US-Handelspolitik bedeiten. Lëtzebuerg als klengt an oppent Land kéint besonnesch impaktéiert ginn.
