D’Aschreiwunge sinn op !

D’Sich no spannenden, innovative Geschäftsiddien oder Erfindunge geet weider. Hutt Dir e Projet vun enger Start-up? Wëllt Dir Iech selbststänneg maachen? Wëllt Dir Ären Dram erfëllen? Dann traut Iech!

Eng 20 Kandidate hunn d’Geleeënheet der Jury hire Projet, hir Iddi an engem Pitch virzestellen. Ween iwwerzeegt, ass fir d’Finall qualifizéiert. A kritt an enger Challenge Phase eng Rei personaliséiert Aufgaben fir säi Projet weider ze entwéckelen. Dobäi ginn et wäertvoll Tipps a Coachinge vun Experten.

An der Finall entscheet d’Jury a wéi enge Projeten si am meeschte Potential gesäit.

Interesséiert?

Dann zéckt net a schreift Iech an, andeems Dir op dëse Link klickt.

Success Story gëtt ënnerstëtzt vun der Chambre de Commerce