De Staatsbudget vum CSV-Finanzminister Gilles Roth ass der Chambre des Salariés (CSL) net ambitiéis genuch. Virun allem an de Beräicher Logement an Ëmwelt hätt ee sech méi Investitiounen erwaart, esou déi Responsabel de Moie virun der Press.
D’Chambre des Salariés kritiséiert, datt der Regierung hire Projet fir de Staatsbudget vum nächste Joer net fir méi Steiergerechtegkeet géif suergen. Donieft géife bei den Investissementer déi falsch Prioritéite gesat ginn, heescht et am Avis vun der CSL zum Staatsbudget.
