Déi Lëtzebuerger Wirtschaft brauch ee gudde Kader fir méi Wuesstem ze generéieren – ouni dee géif et net goen, seet de Carlo Thelen, Direkter vun der Chambre de Commerce. Hie fënnt iwwerdeems, datt d'Sue vun de Leit net genuch an déi Lëtzebuerger Wirtschaft investéiert ginn.
