Informatiounsveranstaltungen op Lëtzebuergesch an op Franséisch
Dir sidd e Betrib, deen zu Lëtzebuerg etabléiert an haaptsächlech do aktiv ass?
Da kënnt Dir eng staatlech Bäihëllef fir d'Formatioun vun äre Mataarbechter ufroen. Dës Bäihëllef beleeft sech op 15% (steierflichteg) vum Joresbetrag, deen an d'Formatioun investéiert gëtt. Betriber, déi dës Bäihëllef an Usproch huele wëllen, mussen eng Kofinanzementsdemande areechen.
Eng Erhéijung ëm 20% gëtt et um Niveau vun de Lounkäschte vu Participanten, déi kee vun de staatlechen Autoritéiten unerkannten Diplom an eng Anciennetéit vu manner wéi 10 Joer hunn, a fir qualifizéiert Salariéen, déi zum Zäitpunkt vum Ëmsetze vum Formatiounsplang vun der Entreprise méi wéi 45 Joer al sinn.
Den INFPC begleet d'Entreprisen, déi eng staatlech Bäihëllef fir d'Formatioun an de Betriber ufroen an ënnersicht d'Demanden.
Méi doriwwer gewuer gitt Dir an den Informatiounsveranstaltungen, déi den INFPC zesumme mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend an de Beruffschamberen organiséiert. Consultéiert um Portal lifelong-learning.lu och all déi nëtzlech Informatioune iwwer de Kofinanzement vun der Formatioun..
D'Participatioun ass gratis, d'Umeldung obligatoresch
Informatioun an Umeldung : https://www.infpc.lu/seances-d-information/lu
