This website is for information purposes only. No membership payments or any other financial transactions will ever be requested to be paid through this website. Always check the URL before entering your personal information, and contact us directly if you have any doubts.

Startup Corner 31 : Pascal Steichen - Luxembourg House of Cybersecurity

Et gëtt een Thema, do kennt keng Entreprise méi laanscht, sief et eng Startup, eng mëttelstänneg oder eng grouss Entreprise : an dat ass Cybersecurity. Duerch déi schnell Digitalisatioun sinn IT-Systemer extrem komplex ginn an et ass mëttlerweil keng Fro méi ob een ugegraff gëtt, mee wéini?

Den Oktober ass de Mount vun der Cybersecurity, dofir hu mer de CEO vum Luxembourg House of Cybersecurity, de Pascal Steichen, ageluede fir eis ze erkläre wéi mer eis besser virbereede kennen.

Horrorfakt : bis zu 200 Deeg kann eng Ransomwareware an eiser IT si bis mer et iwwerhaapt mierken. An meeschtens ass et dann och scho laang ze spéit.

De StartupCorner ass e Podcast op Lëtzebuergesch iwwert Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, presentéiert vum House of Startups Luxembourg, mat der Ënnerstëtzung vun der Luxembourg Chamber of Commerce an dem SCRIPT.

Listen here