Den Haff huet haut en vue vum Trounwiessel déi nei Suite vun der zukünfteger groussherzoglecher Koppel virgestallt. Et handelt sech ëm dames d‘honneurs a Chambellans, déi de Grand Duc an d‘Grande Duchesse benevole bei offiziellen Aktivitéiten a Receptioune begleeden.
