Ween zu Lëtzebuerg hautzedaags en elektreschen Auto keeft, kritt jee no Modell a Verbrauch vum Auto eng staatlech Ënnerstëtzung vu ronn 3.000-6.000 Euro.
Déi aktuell Primme fir Elektrogefierer funktionéieren, ginn awer net duer, fir d’Elektromobilitéit zu Lëtzebuerg séier genuch virunzedreiwen. Dat weist eng Etüd vun IDEA, der lëtzebuergescher Denkfabrick vun der Chambre de commerce. Esou géing een d’Zil vum Nationalen Energie- a Klimaplang - dee virgesäit, dass bis 2030 bal d’Hallschent vun all den Autoen zu Lëtzebuerg aus elektreschen oder opluedbaren Hybridgefierer bestoe soll - net erreechen.
