Am Joer 2030 soll all zweet Gefier mat Lëtzebuerger Nummereschëld een Elektroauto oder ee Plug-in Hybrid sinn. Dat Zil steet esou am PNEC, dem nationalen Energie- a Klimaplang, mee wäert awer net oder just ganz schwéier ze erreeche sinn.
Am Mee dëst Joer waren eréischt 11,6 Prozent vun de Ween mat Stroum ënnerwee. Firwat huet d’Elektromobilitéit net méi Succès?
IDEA, d’Denkfabrick, déi der Chambre de Commerce nosteet, huet dat elo analyséiert. Si huet sech 15 Modeller, jeeweils an der Koppel, eemol als Bensinner an eemol mat Elektromotor, ugekuckt, a se matenee verglach. De Frédéric Meys, Ekonomist bei der Fondatioun Idea erkläert, datt ee beim Präis eigentlech erausfonnt huet, datt E-Autoe finanziell méi intressant sinn.
