Informatiounsveranstaltungen: Congéen a Bäihëllefen am Formatiounsberäich fir Privatpersounen

Wednesday 16 Jun 2021

Workshop

Wednesday 16 Jun 2021

18:00

Chambre des salariés an livestream

Luxembourgish

 

Den INFPC organiséiert de 14. an de 16. Juni an Zesummenaarbecht mat de Beruffschamberen a mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend zwou Informatiounsveranstaltungen iwwer d'Bäihëllefen am Formatiounsberäich fir Privatpersounen.

Persounen, déi sech weiderbilde wëlle fir hir Kompetenzen auszebauen, hir Talenter ze verstäerken oder de Beruff ze wiesselen an hir Karriär virunzedreiwen, kënne verschidde Bäihëllefe fir d'Weiderbildung an Usproch huelen.

Dës Hëllefen, déi ënner bestëmmte Bedéngungen accessibel sinn, ginn ugebueden a Form vu Spezialcongé (individuelle Congé, Sproochecongé, Jugendcongé), vun Aarbechtszäitmoossnamen (perséinlechen Amenagement vun der Aarbechtszäit, onbezuelte Congé fir d'Weiderbildung) a spezifesche Subsiden.

D'Informatiounsveranstaltunge fannen en présentiel statt a ginn och am Livestream iwwerdroen, dëst méindes, de 14. Juni um 18:00 Auer op Franséisch a mëttwochs, de 16. Juni um 18:00 Auer op Lëtzebuergesch, an der Chambre des Salariés, 2-4 rue Pierre Hentges, L-1726 Lëtzebuerg

D'Participatioun ass gratis. D'Umeldung ass obligatoresch, souwuel fir d'Veranstaltung en présentiel wéi fir de Livestream: www.infpc.lu/inscription-aides.