Am Kontext vun der Covid-19 Kris huet d'Generaldirektioun vum Mëttelstand vum Wirtschaftsministère zousätzlech Moossnamen a Platz gesat.
Nodeem si vill Moossname getraff hunn fir d'Entreprisen z'ënnerstëtzen, huet d'Regierung säi Stabiliséierungsprogramm ugepasst.
Dës nei Mesure gëllt als zousätzlech Ënnerstëtzung a Form vun enger net remboursabler Hëllef an den Uwendungsberäich vun den Aktivitéite gëtt erweidert.
Entdeckt mat der Generaldirektioun vum Mëttelstand vum Wirtschaftsministère ënner anerem dës nei Hëllef:
- D'Modalitéite vun dëser neier Moossnam
- Kandidatur Critèren a Konditioune
- Prozedur fir Demande anzereechen
Duerno kritt dir eng allgemëng Iwwersiicht iwwert all Mesuren déi a Plaz gesat sinn.
Fir Betriber ze ënnerstëtzen, deenen hir Aktivitéiten vun der Covid-19 Gesondheetskris betraff sinn, lancéiert d’House of Entrepreneurship vun der Chambre de Commerce de Projet "#ReAct". Zil ass et de Betriber no ze lauschteren, déi vun dëser Kris getraff sin, fir se besser ze verstoen wou se stinn, a zesummen mat hinnen ze schaffe fir e konkreten Aktiounsplang ze definéieren fir d‘Relance ze preparéieren an en gratis Accompagnement vun Experten ze offréieren.
Fannt hei méi Informatiounen : www.cc.lu/covid19/react
D’House of Entrepreneurship beäntwert och Är Froen iwwer verschidden Themen.
Helpline: 00352 42 39 39 - 445, Schaffdeeg, 9.00 bis 12.00 an 14.00-17.00
E-mail : covid19@houseofentrepreneurship.lu