D'IDEA, d'Denkfabrik vun der Chambre de commerce, zeechent eng éischter däischter Zukunft, wat déi wirtschaftlech a finanziell Zukunft vum Grand-Duché uginn. An hirem Rapport, dee si rezent presentéiert hunn, gëtt vun engem Enn vum "gëllenen Zäitalter" geschwat.
Am 100,7-Interview erkläert den Direkter vun der Fondatioun, de Vincent Hein, datt et zënter 2022 effektiv keng wirtschaftlech Croissance méi zu Lëtzebuerg gouf.
