Mat Russland als Menace an den USA als net méi esou zouverlässege Partner mussen déi europäesch Staaten elo selwer an hir Verdeedegung investéieren.
“Eis national a kollektiv Verdeedegung hänke méi wéi jee vum fräiwëllegen Engagement vu Fraen a Männer an eiser Arméi of.” Dat sot d’Ministesch Yuriko Backes, nodeem d’Regierung dës Woch e Pak u Moossnamen decidéiert huet, fir d’Arméi méi attraktiv ze maachen.
