Startup Corner episode 9 : Felix Hemmerling - Kodehyve

House of Startups

Kodehyve: Der wëllt wësse wéi et ass mat 25 Joer Multi-Entrepreneur ze sinn? Da lauschtert eis 9. Episod vum Startup Corner vum House of Startups mam Felix Hemmerling!

Als Grënner vun 2 Startups wéi Kodehyve an Univize huet dëse jonke Grënner scho vill Geschichten ze erzielen a viru kuerzem 1 Millioun geraised mat sengen aktueller Startup Kodehyve fir den Immobiliesecteur ze digitaliséiere. Niewebäi ass hien och de Matgrënner vum Luxembourg Open Air (LOA) Festival wou 2019 seng 1. Editioun hat mat iwwert 7.000 Visiteuren. Mir diskutéiere mam Felix seng beandrockend Rees déi all zukünftege Entrepreneur dobaussen inspiréiere sollt.

  • Lauschtert elo eran: https://bit.ly/2UxWse
  • Abonnéiert de "Startup Corner" op Spotify, Apple Podcasts a Google Podcasts.

De ' Startup Corner' ass e Podcast op Lëtzebuergesch iwwert Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, presentéiert vum House of Startups, mat der Ënnerstëtzung vun der Chambre de Commerce du Luxembourg an dem SCRIPT.