Ënnert anerem bei de Staatsausgaben, dem Index an dem Absenteismus misst de Staat nei Prioritéite setzen. Soss wär de Lëtzebuerger Sozialmodell op Dauer net méi ze finanzéieren.
D'Chambre de Commerce fuerdert eng aner Budgetspolitik. Wéi de Staat de Budget opstellt, misst fundamental geännert ginn, sot en Dënschdeg de Moien de Generaldirekter vun der Handelskammer, de Carlo Thelen, bei der Analys vum Budgetsprojet 2027.
