Nach ass de Gesetzprojet net gestëmmt. Mä d'Generaliséierung vun der Alphabetiséierung op Franséisch, also déi landeswäit Aféierung vum "Projet ALPHA-Zesumme wuessen", gëtt ëmmer méi konkret. Net nëmmen, datt déi concernéiert Enseignantë Formatiounen ugebueden an d'Léiermaterialie progressiv ausgeschafft ginn.
