Startup Corner Episode 11 - Clubee - Gilles Mangen

R&D und Innovation
Chambre de Commerce

House of Startups

Clubee - Gilles Mangen: vu semi-professionellen Hockeyspiller op onvermeidlechen Partner fir Sports Veräiner.

Säit der Grënnung um Späicher vun den Elteren, attackéiert d‘Startup Clubee de Problem vum Benevolat am Veräinsmanagement, mee an enger eenzegaartegen an innovative Manéier.

Zu Lëtzebuerg benotzen haut iwwert 300 Sportveräiner hir Plattform. Entdeckt an dëser Episod wéi den Gilles et fäerdeg bruecht huet, ënnert anerem mat der Ënnerstëtzung vum Technoport als Inkubator, vun 300 Sportsveräiner aus Lëtzebuerg op 4.000 Veräiner Europawäit ze wuessen.

  • Lauschtert elo eran: https://bit.ly/3vGuCuQ 
  • Abonnéiert de "Startup Corner" op Spotify, Apple Podcasts a Google Podcasts.

De ' Startup Corner' ass e Podcast op Lëtzebuergesch iwwert Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, presentéiert vum House of Startups, mat der Ënnerstëtzung vun der Chambre de Commerce du Luxembourg an dem SCRIPT.