Vill Leit maache sech Suergen, datt d’KI hiren Aarbechtsalldag komplett verännere kéint, hinnen am schlëmmste Fall d'Aarbecht ganz forthëlt. Dee Pessimismus wier normal, mengt de Marc Lauer, Vizepresident vun der Chambre de commerce. Et misst een de Fokus awer op d’Opportunitéite leeën.
Leschten Donneschdeg huet d’Regierung zesumme mat de Gewerkschaften an de Chambre professionellen um sougenannte KI-Dësch den Impakt vun der Kënschtlecher Intelligenz op d’Aarbechtswelt diskutéiert.
