Laangfristeg schued den Tripartitesaccord der Kompetitivitéit vun de Betriber

05.10.2022 - RTL Radio

Revue de presse

Dat sot de President vun der Chambre de Commerce e Mëttwoch de Moien an der Emissioun Invité vun der Redaktioun. Mir sinn an enger ganz graver Kris – fir d'Entreprisen a fir d'Leit. Den Tripartitesaccord ass do wéi eng éischt Hëllef, awer net d'Operatioun, déi de Patient brauch. Dat sot de Luc Frieden e Mëttwoch de Moien am RTL-Interview. De President vun der Chambre de Commerce vermësst Previsibilitéit fir d'Betriber a rechent mat zwou, souguer 3 Indextranchen d'nächst Joer. Donieft dierft een net déi "Zweet-Ronn-Effeten" ausklammeren. Wann d'Salairen nämlech an d'Luucht ginn, dann ginn och d'Präisser an d'Luucht an dat schued der Kompetitivitéit vun deene Betriber, déi och am Ausland aktiv sinn. Dat wieren notamment d'Industrie an de Finanzsecteur. Lauschtert eran