Pakt fir de Lëtzebuerger Commerce z'ënnerstëtzen

26.01.2023 - Eldo.lu

In the press

E Mëttwoch gouf de "Pakt Pro Commerce 2023" vum Mëttelstandsminister Lex Delles virgestallt. Bei der Presentatioun waren och de Carlo Tehlen, Generaldirekter vun der Chambre de Commerce an d’Carole Muller, Presidentin vum Lëtzebuerger Commerce-Verband dobäi. D’Zil vum Pakt ass et de lokale Commerce ze dynamiséieren an z’ënnerstëtzen. Bei der Editioun 2023 steet ënner anerem de Kadaster vum Commerce am Fokus. Mee och eng statistesch Analys vun der Entwécklung vum Commerce zu Lëtzebuerg an d’Organisatioun vun engem "Retail Event" stinn am Pakt. Méi liesen.