Luc Frieden: Et braucht ee gesamt-europäescht politescht Steierungsinstrument

07.01.2022 - 100komma7

Pressespiegel

Hien hätt zu kengem Moment en Echec vum Euro gefaart - weder bei senger Aféierung, nach méi spéit wärend der Griichelandkris, sou de Luc Frieden. Hie war 2002 Budgets- an Eurominister, wéi déi gemeinsam Wärung ageféiert gouf, an no 2009 Finanzminister, wéi se hir wuel schwéierst Kris erlieft huet. Datt déi haut 19 Euro-Länner zwar eng gemeinsam Wärung, mee keng wierklech gemeinsam Budgets- a scho guer keng gemeinsam Wirtschaftspolitik hunn, wier e Konstruktiounsfeeler vum Euro, deen ee mat der Zäit behiewe misst. Méi liesen