Lancement vum "Klimapakt fir Betriber"

10.01.2023 - Eldo.lu

Pressespiegel

Den Dënschden hunn d'Ministere Franz Fayot, Lex Delles, Claude Turmes a Joëlle Welfring de "Klimapakt fir Betriber" lancéiert.

Beim "Klimapakt fir Betriber" solle Betriber bei der Dekarboniséierung an der Energiewend duerch ee strukturéierten a koordinéierten Usaz ënnerstëtzt ginn. Dat heescht d'Notzung vun de verschiddenen Initiativen, Programmer, Begleedungen a finanziellen Hëllefe soll erliichtert ginn. De ganze Projet gëtt et a Form vun enger Plattform.

Méi liesen